15.06.2025 | 11:30 - 12:15
L’arbre littéraire – Stadtpark
D’Maus Kätti
spectacle vivant
Unhand vu musikaleschem Figurentheater, setzen d’Annick Sinner an d’Nadine Kauffmann sech op eng originell Aart a Weis mam Auguste Liesch sengem Lëtzebuerger Klassiker „D’Maus Kätti“ a sengem Thema „Wat mécht mech a mengem Ënnersten wierklech frou a wou gehéieren ech hin“ ausenaner.
Kategorie
#Lesen
#Show
Format
#Andere Formate
#Show / Wettbewerb
Publics
Junge Leute
Sprache
Luxemburgisch
Partner
D’Maus Kätti, Auguste Liesch D’Maus Kätti sëtzt bei hirem Lach zu Biermereng am Feld;„Wéi schéin, denkt se, ass d’Liewen dach,wéi gutt ass `t op der Welt.“Wien kennt se net, des Ufankszeilen aus dem Auguste Liesch senger beléifter Maus Kätti, der Kusinn Mim aus Clausen am dem léiwe Metti? Dëst éischt Wierk vum Auteur gëtt 1936 verëffentlecht an entwéckelt sech schnell zu engem echte lëtzebuerger Klassiker fir Grouss a Kleng. Mat vill Fangerspëtzegefill geléngt et dem Auguste Liesch déi berühmte Fabel vum Aesop vun der Land – an der Stadmaus an ee lëtzebuerger Kontext ze setzen.Unhand vu musikaleschem Figurentheater setzen d’Annick Sinner an d’Nadine Kauffmann sech op hir eegen an originell Aart a Weis mam Auguste Liesch sengem Wierk a sengem Thema „Wat mécht mech a mengem Ënnersten wierklech frou a wou gehéieren ech hin“ ausenaner.De Spektakel riicht sech u Grouss a Kleng ab 6 Joer, ass op Lëtzebuergesch an dauert ca 35 Minutten.Handpoppen, Accessoiren, Bühn, d’Kusinn Mim: Annick SinnerMusek (Kompositioun a Spill, Saxophon Sopran), d’Maus Kätti: Nadine KauffmannMise en scène a Luuchtekreatioun: Martine Conzemius Photokredit: Annick HenricyKostümer: Toile Si-Re Produktion: Toile Si-Re a.s.b.l. op Commande vum Ministère de la Culture