07.05.2025 | 09:00 - 11:30
21, Rue du Dix Septembre, L-9560 Wiltz
Visit Serre en toiture – Agriculture Urbaine
ATP asbl - Atelier Hondsburren
Die Bepflanzung und die Ernte des Atelier Hondsburren entsprechen den Kriterien des Bio Labels (LU BIO 02). Unsere Organisation und Philosophie der Arbeit entspringt dem Konzept der Kreislaufwirtschaft, diese bevorzugt kurze Wege und einen respektvollen Umgang mit der Natur.
Kategorie
#Geführte Tour
Format
#Geführte Tour
Publics
Die ganze Familie
Sprache
Deutsch
Französisch
Luxemburgisch
Partner
« Multilitéit » – en Daachgaart entstanen no villen Echangen déi sech ronderëm ee gemeinsaamt Zil gedréint hunn : d’Prinzippien vun der « économie circulaire » ëmsetzen, also Verdeelung, Réckgewannung, Reparatur, Recycling a Weiderverwäertung.
Dëse wirtschaftleche Modell baséiert op CLIC™ (“Circular, Lean, Inclusive, Clean”), dat heescht zirkulär, effizient, inklusiv a propper.Am Atelier Hondsburren sti mir a fir Harmonie a Respekt fir d’Liewen am breede Sënn. Et bezitt sech op Leit wéi och op Planzen. Kuerz Weeër a lokal Liwweranten a Clienten gi favoriséiert. Eis Zär bitt verschidden Zorte vu Kultivatioun: alles ouni chemeschen Dünger a Pestiziden ze benotzen.
D’Ingrediente fir eis Müslirigelen, déi am Atelier gemaach ginn, gi no verschidden Krittären ausgewielt: Bio a souwäit et méiglech ass lokal a vu Wooltz oder an der Ëmgéigend.Eist Zil ass et eis Aarbechter, eis Konsumenten, d’Ëmwelt an d’Gesondheet vun all Mënsch ze schützen. Eise Credo gëtt definéiert duerch d’Wäerter vun der ATP asbl : Respekt, Diversitéit, Kooperatioun, Entwécklung, mental Agilitéit a Balance an all eisen Handlungen.Den Atelier Hondsburren soll eng Plaz sinn fir Austausch a Openeen-Treffen – eng Plaz fir Interaktioun, Selbstbestëmmung an Entwécklung vun de Leit déi do schaffen, mam Zil eng nohalteg Integratioun um éischten Aarbechtsmaart ze erreechen.